Déi éischte Kéier ass hien de Summer um Fête de la musique zu Diddeleng opgetrueden a genee dohinner huet et hien op senger Europatour nach eng Kéier verschloen. D’Stad am Süde schéngt him gutt ze gefalen. “Schön habt ihrs hier”, seet en zu sengem Public owes um Concert am grousse Sall vun “Opderschmelz.” Mir hunn hie viru senger Show fir een Interview getraff. Den Kamrad a seng Ekipp verbréngen de ganzen Dag zu Lëtzebuerg a si moies fréi lassgefuer aus dem Tim Kamrad senger Heemecht Velbert, dat sinn ongeféier eng dräi Autosstonne vu Lëtzebuerg fort.
“Wir hatten eine super schöne Zeit bei der Fête de la Musique. Ich war das erste Mal in Luxemburg, es war super Wetter, wir sind ein bisschen durch die Stad gelaufen, waren was essen, haben viele Leute getroffen und ich fands super sympathisch”, erënnert sech de Kamrad un de Summer. Dofir wär ee gären nach eng Kéier op Diddeleng komm am Kader vun senger I-Believe-Europatour.
Aktuell ass säi Lidd “I Hope you end up alone” an den RTL Airplay-Charts op der zweeter Plaz, wéi hien déi leschte Kéier op der Fête de la musique zu Diddeleng gespillt huet, war dat eng vun deenen éischte Saachen, déi him opgefall sinn.
“Bei der Fahrt zur Fête de la musique im Juni, da sind wir hier reingekommen, also ganz kurz vor der Location lief dann mein Song im Radio.”, erzielt de Kamrad. “Ich finde das sowieso krass, dass meine Songs im Radio laufen, auch bei mir zu Hause, ich finde es aber immer wieder krass, wenn man in anderen Städten, in anderen Ländern auch ist. Und auf einmal spielt dein Song und denkst dir erst Mal: Ah soviele Menschen hören das irgendwie jeden Tag. Man sieht zwar Zahlen, aber das dann mitzubekommen, ist noch einmal etwas anderes.”
Hien huet schonn als Kand Musek gemaach. Op der Bün virun engem Live-Publikum ze stoen, wär nach eng Kéier e ganz besonnescht Gefillt. Wann hie séngt an d’Leit seng Lidder haart matsangen, da wär dat mat eent vun deene schéinste Gefiller. “Bei der Tour ist es ganz krass, weil die Menschen ja wirklich kommen wegen meiner Musik und nicht wie auf einem Festival wegen anderen Künstlern noch. Das ist schon ein richtig richtig gutes Gefühl.”
“Das hat Ed Sheeran mal gesagt, wenn man das als Künstler gerne hört, wenn andere Leute den Song singen, ist das cool. Man darf aber nicht vernachlässigen selber auch das Lied zu singen, dafür kommen ja die Menschen.”, erzielt den Tim Kamrad. Dofir géif hie probéieren, d’Balance ze halen, mee e bësse genéisse géif hien dann awer och ëmmer. Grad bei sengem Lidd “I Believe” sinn d’Leit ganz textsécher.
Wéi textsécher den Tim Kamrad dann och op Lëtzebuergesch ass, wollte mir wëssen an hunn e klengt Quiz mat him gemaach. Kann hien erroden, wat Päiperlek, Mupp, Nondikass a Schallimo heeschen? Fir dat éischt Wuert hate mir dunn och nach e bësse gehollef: Et ass kleng, ka fléien an et soll een d’Flilleken net upaken:
No der Tour ass virum Schreiwe vun neie Lidder. Hie wär no esou laanger Zäit ënnerwee dacks inspiréiert, fir nei Lidder ze schreiwen. Hie wär zwar traureg, dass et scho bal eriwwer ass. No Diddeleng stoungen nach eng 6 Concerten un. Mee hie géif sech och freeën, fir nees am Studio un neie Projeten ze schaffen. A wie weess, da kann ee sech bestëmmt och nach op nei Lidder freeën.