
De Robbie Coltrane, deen ënnert anerem bekannt ass fir seng Rollen als Detektiv Eddie Fitzgerald an der Krimiserie “Cracker” an als Rubeus Hagrid an den Harry-Potter-Filmer, ass verscheet. Dat huet seng Agence WME dem Magazin “The Hollywood Reporter” matgedeelt. Detailer iwwert déi genee Doudesursaach si bis ewell net gewosst.
Nieft de Verfilmunge vum J.K. Rowling hiren Harry-Potter-Bicher war de schotteschen Acteur och an den James-Bond-Filmer “GoldenEye” an “The World is Not Enough” ze gesinn.