Zanter 40 Joer um Roude PëtzDen Hämmelsmarsch-Buer vum Wil Lofy plënnert e Mëttwoch

RTL Lëtzebuerg
Et ass net permanent, mee well d'Bronze-Skulptur muss am Fong an engem spezialiséierten Atelier restauréiert ginn.

D’originellt Monument vum Wil Lofy stellt e Grupp Figuren duer, déi de Hämmelsmarsch mat ginn: 4 Museker, 5 Schof an 2 Kanner. De Kënschtler huet sech selwer an enger vun de Figuren, dem Akkordeonist, veréiwegt.

De Wil Lofy ass virun 2 Joer am Alter vu 84 Joer verscheet.

Den Hämmelsmarsch-Buer war 1982 vum gebiertegen Escher Kënschtler sculptéiert ginn.

D’Skulpturen déi an Italie gegoss goufen, sinn Enn August an deem Joer, mat der Ouverture vun der Schueberfouer, ageweit ginn. Deemools ass Miseler aus dem Buer gefloss. D’Buergermeeschtesch war déi jonk Lydie Polfer, déi dee Posten vun hirem Papp Camille iwwerholl hat.

Back to Top
CIM LOGO