
1996 ass den Théâtre National - kuerz TNL - gegrënnt ginn. National Produktiounen mat deels internationaler Besetzung an international Produktiounen op Besuch am Land, méisproocheg a vrun allem ëmmer no um Zäitgeescht an un der Aktualitéit, dat ass d’Philosophie vum Theater op der Longkecherstrooss an der Stad.
Initiateur a bis haut Direkter ass de Frank Hoffmann. Donieft ass hien awer och nach ëmmer als Regisseur aktiv, wat seng éischt Vokatioun ass: “Ech sinn e Mann vum Wuert a vun der Beweegung op der Bün.”
Fir d’Produktioun “Café Terminus”, déi eng dystopesch Vue op Lëtzebuerg 2039 soll sinn a sech um Stéck “Der Eismann kommt” vum Eugene O’Neill inspriréiert, huet de Frank Hoffmann awer och als Auteur geschafft. Gewise gëtt eng Gesellschaft an der Kris, mat Personnagen, déi sech an engem Café zesummeverschanzen.
1996 war hien den Initiator vum Théâtre National a bis haut säin Direkter.
A sengem Büro huet de Frank Hoffmann dem Christiane Kremer méi erzielt iwwer d’aktuell Erausfuerderunge vun den Theateren, iwwer d’Iddi hannert dem “Café Terminus”, d’Loscht um Schreiwen, der Zäit vun de Ruhrfestspiele Recklinghausen an iwwer seng Passioun fir den FC Schalke 04.

E Stéck aus der Lëtzebuerger Nuecht
Uropféierung
09.03.2023, 20.00
11.03.2023, 20.00
12.03.2023, 17.00
14.03.2023, 20.00
23.03.2023, 20.00
24.03.2023, 20.00
25.03.2023, 20.00
12. & 13.05.2023, 20.00 CAPE Ettelbréck
Virstellungen Café Terminus am CAPE zu Ettelbréck 12. & 13. Mee um 20 Auer
Text (nom Eugene O’Neill) a Regie: Frank Hoffmann
Dramaturgie a Textmataarbecht: Florian Hirsch
Bün a Kostümer: Jasna Bosnjak
Soundeffekter: René Nuss
Lutdesign: Daniel Sestak
Assistenz: Jacques Schiltz, Pauline Cano
Mat: Felix Adams, Marc Baum, François Camus, Esther Gaspart-Michels, Maria Gräfe, Nora Koenig, Hana Sofia Lopes, Marco Lorenzini, René Nuss, Adrien Papritz, Philippe Thelen, Serge Tonnar
Eng Produktioun: Théâtre National du Luxembourg
Koproduktioun: CAPE – Centre des Arts Pluriels Ettelbrück
Virstellungen Café Terminus am CAPE zu Ettelbréck 12. & 13. Mee um 20 AuerPodpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d’Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

Café Terminus am TNL
Virstellungen Café Terminus am CAPE zu Ettelbréck 12. & 13. Mee um 20 Auer