Am Interview am Magazin huet de sympathesche Berliner verroden, dat hie bei dem gudde Wieder fir d’éischt Kéier eis Stad konnt entdecken. Donieft huet hie sech gefreet, senge Fans Lidder vu sengem neien Album “April” kënne virzestellen.
Dësen huet hien an der Pandemie geschriwwen, ënnert den Titelen och d’Suite vu sengem bekanntste Lidd “Nur noch kurz die Welt retten”, dat nennt sech “Wer rettet die Welt für mich”. Donieft stoung op der Setlist och dat Lidd, dat e fir säi Kand geschriwwen huet, “Für dich”. Hien ass viru kuerzem nämlech Papp ginn.
De Public war all Zäit begeeschtert – alt nees Musek mat Déifgang, a klore Messagen, deels kritesch melancholesch, awer och hoffnungsvoll optimistesch. Den Tim Bendzko trëfft domat alt nees de Nerv vun eiser Zäit.