TheaterDen TNL feiert e Centenaire mat Krabben amplaz Homard

RTL Lëtzebuerg
Mat LES CRABES éiert den TNL de Centenaire vum franséischen Auteur Roland Dubillard.

Samuel Beckett an Eugène Ionesco - zwou Figuren aus der Theaterwelt, déi duerch hiren absurden Theater, dem Publikum déi eegen Absurditéit virgefouert hunn. Nach haut kann et virkommen, datt wann een eng gefillten Éiwegkeet op eppes oder ee waart, een un d’Stéck “En attendant Godot” vum Becket denkt.

Ma an deem Stil sollt et nach en Numm ginn, deen awer baussent Frankräich licht a Vergiessenheet geroden ass, de Roland Dubillard. 1923 ass de franséischen Auteur a Schauspiller gebuer. Bekannt gouf och hie fir seng verspillten Aart mat der Sprooch ëmzegoen. Dobäi huet hien ëmmer nees probéiert, d’Wierder vun hirer Bedeitung ze léisen an esou d’Sprooch an d’Kommunikatioun un hir Grenzen ze bréngen.

Les Crabes, dat vun e Freideg un am TNL vum Frank Hoffmann inzenéiert gëtt, verbildlecht dat besonnesch gutt. D’Stéck erzielt d’Geschicht vun enger jonker Koppel, déi, fir iwwert d’Ronnen ze kommen, dat eegent Haus verlount. Ma wa bis d’Locatairen agetraff sinn, hëlt dat ganzt eng Tournure, déi weeder d’Personnagen, nach de Publik sech hätten erdreeme kënnen. Eng Rees an d’Absurditéit, där hir Originnen, sou de Frank Hoffman, awer déif an eiser Realitéit verwuerzelt sinn.

Frank Hoffmann - Direkter vum TNL
Mat LES CRABES, éiert den TNL de Centenaire vum franséischen Auteur Roland Dubillard.

E representatiivt Stéck fir e markante Gebuertsdag. Ma fir d’Occasioun sollt och de Casting op der Héicht sinn. Dat ass op jiddefalls de Fall. Sou erwaarden de Publik nieft dem Maria Machado, déi deemoleg Fra vum Auteur, och de franséische Schauspiller Denis Lavant.

Frank Hoffmann - Direkter vum TNL
Mat LES CRABES, éiert den TNL de Centenaire vum franséischen Auteur Roland Dubillard.

E Centenaire, deen d’Trupp ënnert der Leedung vum Frank Hoffmann schonns dëst Joer zu Avignon mam Stéck Les Crabes geféiert huet. An e Freiden den 13. bis den 18. Oktober am TNL. Weider Informatioune fannt Dir HEI.

Back to Top
CIM LOGO