
Mat grad emol 9 Joer ass den Aaron Carter Enn vun den 90er Jore mat de Backstreet Boys op Tournée gaangen. Säin eelere Brudder Nick Carter war deemools Member vun der Band. Selwer verkeeft den Aaron Carter Millioune Placken. Och um amerikanesche Kannersender “Nickelodeon” war hien ëmmer nees a Rollen ze gesinn.
Wéi den amerikanesche Magasinn “TMZ” mellt, ass de 34 Joer ale Sänger, Rapper a Schauspiller e Samschdeg dout a sengem Haus zu Lancaster (Kalifornien) opfonnt ginn. Säi Kierper wier an der Buedbidde fonnt ginn - géint 11 Auer moies gouf et een Noutruff, et wier ee Mann an der Bidden erdronk.
De Sänger hat am Laf vu sengem Liewen ëmmer nees Problemer mat Drogen.

Zu sengem eelere Brudder Nick a senger Zwillingsschwëster Angel hat den Aaron Carter zulescht kee Kontakt méi. Béid Gesëschter haten ee Kontaktverbuet ugefrot, nodeems den Aaron Carter Menacë géint d’Famill ausgeschwat soll hunn.
Viru ronn engem Joer gouf den Aaron Carter déi éischte Kéier Papp. Kuerz no der Gebuert ass d’Relatioun zu senger Verloobter Melanie Martin allerdéngs op en Enn gaangen.