
Dat huet säin Agent an enger offizieller Erklärung matgedeelt. Beim Tom Sizemore gouf am Februar en Aneurysma am Gehier festgestallt. E Freideg goufen déi liewenserhalend Moossname gestoppt. D’Dokzteren waren zum Schluss komm, dass si näischt méi kéinte fir den 61 alen US-Acteur maachen.
Den Tom Sizemore, deen 1961 zu Detroit gebuer gouf, huet mat e puer vun de gréissten Nimm an Hollywood zesummegeschafft. Eng vu senge gréisste Rolle war als amerikaneschen Zaldot am Spielberg-Drama “Saving Private Ryan”. Och duerch Rolle wéi a Filmer “Natural Born Killers” a “Black Hawk Down” ass hien och bei engem méi gréissere Public bekannt ginn.