
Hir Gouache-Biller si representativ fir “Naiv Konscht”, e Stil mat de Motiver vu Folklor, Märercher a Lidder. D’"Naiv Konscht” erkennt een duerch vereinfacht Formen, knalleg Faarwen an enger deforméiert Perspektiv. Inspiréiert sinn hir Aarbechten un der Natur an den Déieren. Si geet vun Erzielungen a Legenden aus hirem Heemechtsland aus.
Eng Rei vun hire Wierker si fir déi, déi d’Eurovision Finall d’lescht Joer gekuckt hunn, net onbekannt. Do ware se nämlech am Hannergrond vun der ukrainescher Band “Stefania” ze gesinn.
An der Expo ass och e Video, deen dem Maria Prymachnko hir Liewensgeschicht erzielt. D’Maria Prymachenko kënnt aus enger klenger Famill, mee hiert Talent gouf séier international entdeckt. 1937 huet si souguer op der Weltausstellung zu Paräis ausgestallt. 1966 huet si den Taras Shevckenko National Prize of Ukraine gewonnen. Dëst ass eng Auszeechnung fir Meeschterwierker iwwer déi ukrainesch Konscht a Kultur.
D’Maria Prymachenko gëllt zanter der Annexioun vun der Krim an der russescher Invasioun am Februar 2022 als Symbol fir de Fridden an der ukrainescher Identitéit. Et gouf souguer eng Strooss zu Kyiv an e klenge Planéit no hir benannt.
Nieft hirer Konscht an de Videoe sinn an der Expo awer och nach Extraiten aus dem “Hague Convention for the Protection of Cultural Property in the Event of Armed Conflict” op d’Mauere geprint an eng Reproduktioun vum offiziellen Dokument ass op der Plaz. Dëst soll een drun erënneren, datt Konscht dacks eng wichteg Roll wärend dem Krich spillt.
Et huet een nach bis den 3. September Zäit, fir en Abléck an dem Maria Prymachenko hir Konscht ze kréien.