Näischt fir schwaach NervenD’Escher Schwämm huet sech an en Horrorhaus verwandelt

RTL Lëtzebuerg
Eng gutt Woch virun Halloween sinn d’Horrorfans am 4D-Kino op hir Käschte komm.
D’Escher Schwemm huet sech an en Horrorhaus verwandelt
Eng gutt Woch virun Halloween sinn d’Horrorfans am 4D-Kino op hir Käschte komm.

Mam “House of Horrors” hunn d’Organisateuren de Leit en Owend voller Iwwerraschungen an Adrenalin versprach. Leschte Samschdeg stoung d’Escher Schwämm nämlech ganz am Zeeche vun Halloween. Mee wéi an enger richteger Geeschterbunn gouf am Virfeld kee gewuer, wat genau op d’Leit duerkomme géing. Gewise gouf de Film “Evil Dead Rise” op enger grousser Leinwand. Spezial-Effekter wéi kalen Damp, rout Faarf am Baseng, Schauspiller, déi ronderëm lafen an esouguer Daucher, déi och déi couragéiertst Leit erféieren, hu fir eng eenzegaarteg Atmosphär gesuergt.

Organiséiert gouf dës Veranstaltung vum Kevin Rotolo vun Deluxe Concept & Design Luxembourg, déi ënnert anerem och hannert dem Wicki Beach stiechen. Iwwert en Zäitraum vun dräi Méint hu si d’Konzept ausgeschafft.

Dat Ganzt war mat vill Opwand verbonnen, ma wann ee sech de Feedback vun de Leit unhéiert, huet d’Aarbecht sech gelount. A wie weess: Et war déi éischt Oplag vun enger Filmprojektioun an enger Schwemm zu Lëtzebuerg, mee bestëmmt net déi lescht.

Back to Top
CIM LOGO