
Iwwer 76 Prozent vum Voting fir d’Finall vum Luxembourg Song Contest, dee jo d’TALI fir sech entscheede konnt, waren deemno op nationalem Niveau, ronn 23 Prozent vun all de Stëmme koumen aus verschiddene Länner vun der ganzer Welt.
De Voting war jo opgedeelt, 50 Prozent vun engem Jury an déi aner vum Public. De Jury, 40 Experten an 8 Länner, goufe vun der Firma Digame zesummegesat, also net vun RTL oder der Produktiounsfirma.
76,66% vun de Stëmme koumen aus dem Grand-Duché, 7% aus Frankräich an 3,59% aus den USA.
De Rescht vum Vott, respektiv 12,75% koumen aus 57 anere Länner.
