
Tëscht 1946 an 1953 huet d’Françoise Gilot mam Picasso zesummegelieft an huet doriwwer souguer e Bestseller geschriwwen. Elo ass d’franséisch Molerin am Alter vun houfregen 101 Joer verscheet.
Dat huet de Picasso-Musée zu Paräis en Dënschdeg confirméiert. D’New York Times huet wësse gedoen, dass d’Françoise Gilot am engem Spidol zu Manhattan gestuerwen ass, wéi hir Duechter Aurélia Engel hinne verroden huet. Si war zulescht vill geplot mat Häerz- a Longeproblemer. D’Kënschtlerin huet schonn zanter Joren zu New York gelieft.
De 26. November 1921 ass d’Gilot zu Neuilly-sur-Seine westlech vu Paräis op d’Welt komm. Hir Mamm war Aquarell-Kënschtlerin an den artistesche Wee domat scho virginn. Hir Passioun war deemno och d’Molerei, 1943 hat si hir éischt eegen Ausstellung.
An deem selwechte Joer huet si och de 40 Joer méi ale Pablo Picasso kenne geléiert. War seng Muse a Partnerin an ass dräi Joer méi spéit och mat him zesumme wunne gaangen. Aus hirer Relatioun sinn zwee gemeinsam Kanner, Claude a Paloma, ervirgaangen. 1953 dunn huet si de berüümte Moler nees verlooss, als eenzeg Fra, déi sech vum Moler lassrappe konnt. Si huet hien an hirem Bestseller als “awergleewegen Tyrann an egoistescht Wiesen” bezeechent. D’intiimt Buch “Vivre avec Picasso” vun 1964 gouf a 16 Sproochen iwwersat a milliounefach verkaf.
D’Françoise Gilot war selwer eng grouss Kënschtlerin an dat wäit iwwer 60 Joer vun hirem Liewen, hat prestigiéis Ausstellungen am Metropolitan Museum of Art, dem MoMA zu New York. Eleng am Juni 2021 gouf eent vun hire Wierker, “Paloma à la Guitare” aus dem Joer 1965, fir 1,3 Milliounen Dollar bei Sotheby’s versteet.
D’Françoise Gilot war zwee Mol bestuet an huet bis an den héijen Alter nach Konscht-Coursen a Workshoppen zu Paräis ofgehalen.