Podpurri - Mir schwätze KulturD'Germaine Goetzinger

RTL Lëtzebuerg
PodPurri - mir schwätze Kultur - de Podcast dës Woch mat der Autorin Germaine Goetzinger iwwer d'Buch "Aline Mayrisch-de Saint-Hubert".

Literatur a Geschicht waren ëmmer hir Passioun an d’Germaine Goetzinger huet sech dann och am Studium fir Geschicht a Germanistik decidéiert an béides dono enseignéiert. 1995 gouf se déi éischt Direktesch vum nei gegrënnten Literaturarchiv an der Maison Servais zu Miersch.

Scho ganz jonk hat déi gebierteg Diddelengerin sech mat der Famill Mayrisch beschäftegt a besonnech d’Perséinlechkeet vun der engagéierter Aline Mayrisch-de Saint Hubert huet se ëmmer méi intresséiert. No joerzéngtelaange Recherchen huet d’Germaine Goetzinger elo d’Buch “Aline Mayrisch-de Saint Hubert - Ein Frauenleben im Spannungsfeld von Feminismus, sozialem Engagement und Literatur” bei den Editions Guy Binsfeld erausbruecht.

D’Germaine Goetzinger huet e Buch iwwer d’Aline Mayrisch-de Saint Hubert geschriwwen.

Beim Germaine Goetzinger doheem an tëscht ville Bicher huet se dem Christiane Kremer méi erzielt iwwer hir Zäit am Literaturarchiv, iwwer hiren éischte Kontakt mat der Famill Mayrisch an hir Faszinatioun fir den Engagement vun der Aline Mayrisch.

Buch “Aline Mayrisch-de Saint-Hubert” vum Germaine Goetzinger

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d’Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL Podcasts abonnéieren

Back to Top
CIM LOGO