
Nëmmen 3 Optrëtter huet déi bekannten däitsch Punk-Formatioun fir hir Club-Show ageplangt, dat zu Kopenhagen, Stockholm an zu Esch an der Rockhal.
Fir de Farin Urlaub, Bela B a Rod Gonzales kucken ze goen, muss een sech awer warscheinlech bäi maachen, virun allem wann ee bedenkt, dass et sech hei ëm eng Club-Show handelt.
4 Ticketen dierf een op de Kapp virbestellen, dat fir 59 Euro d’Stéck. De Virverkaf geet e Freideg de 24. Februar 2023 um 10 Auer online.
Wou genee an der Rockhal de Concert gespillt gëtt, also am Club oder an der grousser Hal, ass net gewosst. Organiséiert gëtt de Concert och vun engem externen Organisateur a vun der Band selwer, d’Rockhal stellt hei just d’Gebailechkeet zur Dispositioun ass awer selwer net Veranstalter.

Hei geet et bei den Ticket-Verkaf um offizielle Site vun “Die Ärzte”!