Theater "Die Laborantin" am Kapuzinertheater

RTL Lëtzebuerg
Zwee Joer laang huet de Corona-Virus eist Liewe bestëmmt an och dat vun den Theateren.
"Die Laborantin" am Kapuzinertheater
Zwee Joer laang huet de Corona-Virus eist Liewe bestëmmt an och dat vun den Theateren.

Och wann déi nei Saison mol nees ënner méi normale Konditiounen ufänkt, bréngt de Kapuzinertheater als éischt Produktioun mat “Die Laborantin” e Stéck op d’Bün, dat vun der Thematik hir awer un d’Pandemie erënnert. D’Christiane Kremer war an eng Prouf.
D’Bea schafft an enger Klinik a këmmert sech ëm Bluttanalysen. D’Informatiounen, déi dorausser gespäichert ginn, sollen iwwer méiglech physesch oder psychesch Krankheeten informéieren. Jidderee kritt dobäi säi Rating vun 1 bis 10.

An der heiter Welt ass de Choix net méi wierklech ginn, dat heescht dat gëtt da Flicht am Laf vum Stéck, datt een déi Ratings brauch als Entréesdier, fir kënnen iwwerhaapt eppes ze studéieren, oder esou.

Rosalie Maes spillt d’Laborantin

Wien e gudde Wäert huet, deem steet alles op. Mee wat ass, wann de Wäert schlecht ass?

Lis Dostert, “Char” huet e schlechte Wäert

Op eemol hunn ech en Oflafdatum, deen ech souwisou hunn, mee ech weess awer ongeféier an 10 Joer kéint et mat där Krankheet lassgoen. An dat ass schonn e bësse scary, well et freet ee sech, ob eis Gesellschaft haut hei och iergendwann eng Kéier dorobber erausleeft.

D’Stéck staamt aus der Fieder vun der jonker englescher Autorin Ella Road, déi et allerdéngs schonn 2018 geschriwwen huet, deemools wéi vu Corona-Virus nach kee geschwat huet. En dystopescht Stéck deemno mat engem aktuelle Bezuch.

Fabio Godinho, Metteur en scène

Fir mech ass et och wichteg, och wann ech Regie maachen oder wann ech och schauspieleren, awer Regie ass schonn eng ganz aner Aart a Weis d’Saach eriwwerzeginn. Ass schonn awer déi aktuell Saachen oder zäitgenëssesch, wat mer grad liewen an der Welt oder wat grad och geschitt, datt mer dat kënne op der Bün reflektéieren oder iergendwéi weisen.

Sou zäitgenëssesch wéi d’Thematik, de Bünendekor an d’Technik, ass och d’Sprooch vun der Autorin Ella Road an dat spiert een och an der däitscher Iwwersetzung.

Wat cool ass, datt mer eis do och e bëssi kënnen d’Fräiheet huelen oder vläicht nach méi mondgerecht eis et ze maachen an datt et och an der Aarbecht fräi bliwwen ass, fir tëschenduerch emol eppes Klenges ze improviséieren. Mee et ass absolut e Stéck vun haut.

Gespillt gëtt bis den 13. Oktober am Kapuzinertheater.

Back to Top
CIM LOGO