Lëtzebuergesch Koproduktioun"Die Mucklas und wie sie zu Pettersson und Findus kamen"

RTL Lëtzebuerg
De Kannerfilm ass en Dënschdeg am Kino ugelaf. E Méinden de Mëtteg waren awer schonn e puer Schoulklasse fir eng Avant-première invitéiert ginn.
"Die Mucklas und wie sie zu Pettersson und Findus kamen"
De Kannerfilm ass en Dënschdeg am Kino ugelaf. E Méinden de Mëtteg waren awer schonn e puer Schoulklasse fir eng Avant-première invitéiert ginn.

De Film erzielt d’Virgeschicht vun de bekannte “Pettersson und Findus"-Filmer, fir déi och schonn den Ali Samadi Ahadi d’Regie gemaach huet. Viru 7 Joer huet hien du mat senger Ekipp decidéiert, e Film ze maachen, an deem déi kleng, onsiichtbar Figuren, och bekannt als Mucklas, d’Haaptroll spillen.

“Die Mucklas und wie sie zu Pettersson und Findus kamen” zielt nämlech d’Aventure vun dräi jonke Mucklas, déi en neit Doheem fir hire Stamm sichen, nodeems se aus hirem vum Uwe Ochsenknecht, och bekannt als Kammerjäger Karl, verdriwwe ginn.

Fir de Film gouf als éischt en Deel mat de reelle Schauspiller gedréit. Vue dass et eng lëtzebuergesch Koproduktioun war, konnt een och dat eent oder anert bekannte Gesiicht erëmgesinn, ewéi den André Jung, d’Anouk Wagener an de Patrick Hastert. Duerno goufen d’Mucklas an hir Welt animéiert. D’Resultat kann een zanter e Mëttwoch op der grousser Leinwand an de Lëtzebuerger Kinoe gesinn.

Back to Top
CIM LOGO