Kultur Last Minute"Die Weltbühne", Lëtzebuerger Hip Hop, Uwe Timm

RTL Lëtzebuerg
Liesung am Kasemattentheater, Hip Hop am Atelier an en Owend mam Uwe Timm.

“Die Weltbühne” Ein Kaleidoskop 1918-1933 28.04.22 am Kasemattentheater um 20 Auer

“Die Weltbühne” war den intellektuelle Forum vun der Weimarer Republik, op der Sich no der Wourecht, pazifistesch a radikaldemokratesch. Dës kleng rout Bicher hunn awer nieft journalistescher Analys och Plaz gehat fir Literatur, Poesie a Glossen. Zu den Auteuren hunn ë.a. Leit wéi Erich Kästner, Joachim Ringelnatz oder Kurt Tucholsky gehéiert.

De Kasemattentheater bréngt an enger Liesung e Best Of vun den engagéierten Texter aus der Weltbühne. Déi lescht Editioun war den 7. Mäerz 1933 an huet mat dëse Wierder opgehalen: “Denn der Gesit setzt sich doch durch”.

Et liesen den däitschen Acteur August Diehl, de Marc Limpach. Begleet gi si um Piano vum Michel Reis.

“lx finest: hip hop” Gratis-Concert am Atelier 29.4.2022

kultur lx huet gläich zwou Initiativen dës Woch lancéiert, fir déi ganz lieweg Hip Hop-Zeen zu Lëtzebuerg ze valoriséieren.
Tëscht dem 25. an dem 28. Abrëll fënnt een op hirem Youtube-Kanal eng Web-Serie a véier Episoden iwwer Lëtzebuerger Hip-Hop-Kënschtler:

kulturlx - Turnup Tun & Tommek
- Nicool & De Läb
- Culture the Kid & 2ni
- MAZ & Magestick

All dës Museker begéint een dann och e Freideg 29.4. 2022 bei engem Gratis-Concert am Atelier.

Liesung a Gespréich mam däitschen Auteur “Uwe Timm” 4.5.22 Abtei Neimënster

Op Invitatioun vum Institut Pierre Werner ass den däitschen Auteur Uwe Timm fir e Gespréich zu Lëtzebuerg.
Hie liest dobäi aus sengem Roman “Morenga”, deen 1978 erauskomm ass an 2020 nach emol nei editéiert gouf. De Roman beschäftegt sech mat dem Genozid un den Nama an Herrero am heitegen Namibia, dat fréier eng däitsch Kolonie war.

© Gunter Glücklich

Am Gespréich mam Uwe Timm geet et ëm Utopien, Postkolonialismus a Literatur. Hie gehéiert mat senger Romaner “Heisser Sommer” vun 1974 zu der Generatioun vun den 68er. Bekannt sinn och ë.a. “Die Entdeckung der Currywurst” (1993), “Der Freund und der Fremde” (2005) iwwer de Benno Ohnesorg oder d’Kannerbuch “Rennschwein Rudi Rüssel” (1989), dat och verfilmt gouf.


Back to Top
CIM LOGO