
An am Beräich vun der Konscht erméiglechen se ganz nei Ausdrocks- a Kreatiounsformen. Ëm dës gëtt et dann och beim Multiplica-Festival. Scho fir d‘ 4. Kéier organiséieren d‘'Rotondes dësen Event, deen de Public vun e Freideg den Owend un nees eng Hellewull digital Konschtwierker a Realitéiten entdecke léisst. D‘Haaptthema dëst Joer: den Impakt vun den Technologien op eis Emotiounen. Et geet drëms, ob déi vill verschidde Facettë vun der digitaler Konscht opmierksam ze maachen an ze weisen, wat haut mat deene modernen Technologien alles méiglech ass. Méi wéi eng Dose Kënschtler kréien d‘Méiglechkeet, engem breede Public hir Wierker ze präsentéieren. Esou z.B. de Patrick Tresset, deen am Kader vun der Expo “Tête-à-tête” seng Installatioun Human Study #1 weist. 3 Roboteren, déi e Mënsch zeechnen, dee fir si Modell sëtzt.
D‘Zahra Poonawala huet mat hirem Wierk “Ballade du fou” eng Touninstallatioun mat liewegem Charakter kreéiert, déi reegelrecht mam Visiteur interagéiert.
Nieft der Ausstellung ginn et dëse Weekend iwwer awer och nach eng ganz Rëtsch audiovisuell Concerten, Installatiounen, Performancen an och Workshoppen ze entdecken.
De Multiplica-Festival leeft bis de 5. Mäerz.
Weider Informatiounen an Tickete ginn et op www.multiplica.lu