Filmfestival vu CannesD'Justine Triet gewënnt d'Gëlle Palm

RTL Lëtzebuerg
Déi franséisch Realisatrice gewënnt de Präis fir hire Film "Anatomie d’une chute". Si ass déi 3. Fra, déi de renomméierte Präis kritt.
© VALERY HACHE / AFP

Am Film geet et ëm eng Fra, déi verdächtegt gëtt, hire Mann ëmbruecht ze hunn. An der Haaptroll ass déi däitsch Schauspillerin Sandra Hüller ze gesinn.

D’Triet huet an hirer Ried den Ausverkaf vun der Kultur duerch déi neoliberal franséisch Regierung kritiséiert. Si huet de Präis alleguer de jonke Realisatricen a Realisateuren gewidmet.

De brittesche Regisseur Jonathan Glazer, deen als Favorit op d’Gëlle Palm gegollt huet, gouf mam grousse Präis vun der Jury ausgezeechent. Dat fir “The Zomne of Interest”. Och hei spillt d’Hüller déi weiblech Haaptroll.

Back to Top
CIM LOGO