
Et ass souwäit: De Lëtzebuerger Buchpräis 2022 geet an déi lescht Ronn. De Jury - Nicole Sahl (CNL), Jemp Schuster (Schrëftsteller), Hélène Dom (Agence Repères), Jeff Thill (Quaichleker Bichereck) a Mylène Branco (Uni.lu) - huet déi iwwer 60 Wierker vun der Longlist kritesch gelies, auserneegeholl a bewäert. Lo ass d’Entscheedung getraff an et si jeeweils fënnef Bicher pro Kategorie aus de Beräicher Literatur, Kanner- a Jugendliteratur a Sachbicher/Beaux-Livres ausgewielt ginn.
Zwou Woche fir fofzéng Bicher: Vum 27. Oktober bis den 10. November 2022 kënnt Dir ofstëmmen.
Fir all Kategorie gëtt et e flotte Video, deen Iech 5 Bicher virstellt, fir déi Dir op https://buchprais.lu/ ofstëmme kënnt.
Wann Dir ofstëmmt, hutt Dir d’Méiglechkeet ee vu fënnef Bicherbongen am Wäert vu jeeweils 100 Euro ze gewannen.
“Lapsuus” Joseph Kayser (éditions Guy Binsfeld)
“Chantiers du désir” Carla Lucarelli (Editions Phi)
“De Fléiepëlz” Pit Schlechter (Kremart Edition)
“Das Gangrän” Maxime Weber (Kremart Edition)
“Tout devait disparaître” Jérôme Quiqueret (capybarabooks)

“Militärgeschichte Luxemburgs - Histoire militaire du Luxembourg” Thomas Kolnberger a Benoît Niederkorn (capybarabooks)
“Le difficile chemin vers la grande ville, regards croisés sur l’oeuvre de Paul Retter” Robert L.Philippart a Christian Aschman (éditions Guy Binsfeld)
“Ketty Thull - Heimatgefühle” Carlo Sauber (Editions Schortgen)
“Luxembourg-Lorraine au Moyen-Age” Philippe Stachowkski a Jean-Marie Blaising (Gérard Klopp éditeur)
“Cook it like Tammy” Tammy Diderich (Op der Lay)

“Verdruddelt Geschichten” Marc Weydert a Marie-Isabelle Callier (PersPektiv Editions)
“Watgelift?” Isabelle Hild an Andréi Clontea (PersPektiv Editions)
“Dem Stinki seng Oueren” Lydie Develter (Ernster Editions)
“De klenge Chef” Lys a Maï Differding (Editions Schortgen)
“A wann...? D’Geschicht vum Fuuss a vum Schleek” Jil Winandy (Kremart Edition)
