
Et ass en exzeptionellt Evenement dat d’Nationalbibliothéik, am Kader vun hirem 225. Gebuertsdag, organiséiert huet. D’Nationalbibliothéik mécht hir Dieren op mat engem breetgefächerte Programm. De Publikum kann iwwert de Weekend also d’Gebai, wéi och de Fonctionnement vun der Bibliothéik kenne leieren an entdecken. Um Programm sti Visitte vun de Stockage-Raim wéi och vun der “Salle de lecture”.
Zousätzlech kritt een d’Méiglechkeet, d’Experte vun der BnL ze treffen a bei exklusive Presentatioune vun historeschen Dokumenter, déi d’Geschicht vum Land gepräägt hunn, Deel ze huelen. Dobäi kommen eng rëtsch Workshoppen an Atelieren iwwer dat digitaalt Lëtzebuerger Archiv, d’Bicher bannen an d’Manga-Illustratiounen. Den 30. September ass dann och eng DJ Soirée vun 18:00 bis 20:00 Auer an der BnL.
Mat de Porte-ouverten huet de Publikum d’Chance, de Kär vun der Nationalbibliothéik kennen ze léieren, eng Institutioun, déi zënter iwwer 2 Joerhonnerten den intellektuelle Patrimoine vum Land conservéiert.
“Är Loscht op Wëssen ass ons Flicht a Freed an engems”
(Claude D. Conter - Direkter vun der Nationalbibliothéik)
D’Nationalbibliothéik ass déi wichtegst Kultur-, Wëssenschafts - a Fuerschungsbibliothéik hei am Land. D’Sammlunge si ganz villfälteg, dorënner Handschrëften aus dem Mëttelalter, historesch Kaarten, Plakater, handgeschriwwe Partiture vu Lëtzebuerger Komponisten, sou wéi national an international Publikatiounen. Iwwer 1,8 Millioune gedréckten Dokumenter ginn et an der BnL.
D’Discovery days an der BnL sinn den 30. September an den 1. Oktober. De ganze Programm vun de Porte-ouverten:
