D’Villa Vauban wëll dem Public mat der Ausstellung “Dans la lumière de l‘impressionisme?” eng nei Perspektiv op dee Lëtzebuerger Kënschtler ginn. Ze entdecke ginn et awer net just rezent Schenkungen a Neiakeef vum Dominique Lang, ma och Wierker vun Zäitgenossen aus Lëtzebuerg an der Groussregioun.
2020/21 hat d’Villa Vauban déi grouss Chance hire Bestand u Wierker vum Dominique Lang ze erweideren. Dës Molereien, dorënner och reegelrecht Highlight-Wierker, wollt een natierlech och dem Public presentéieren. De Schwéierpunkt gouf dobäi op de (Neo-)Impressionismus geluecht.
A sechs thematesch ënnerschiddlechen Ausstellungsraim kritt een dem Dominique Lang seng kënschtleresch Villfalt a seng Ausernanersetzung mat de stilistesche Stréimunge vu senger Zäit virun Ae gefouert. Dobäi ginn deem gebiertege Minetter seng Biller enger ganzer Partie Wierker vun Zäitgenossen a Kënschtlerfrënn géinteniwwergestallt.
Ënnert deene villen Toille kann een och dem Moler säi lescht a wuel perséinlechst Wierk “Dank an die Natur” entdecken. Een Autoportrait, deen däitlech mécht, dass dee privaten Dominique Lang sech eigentlech zäitliewens net ganz vun deem melancholesche Symbolismus léise konnt.
D‘Ausstellung an der Villa Vauban ass nach bis de 15. Oktober ze gesinn.