
Dat huet säin Agent am Numm vum Wilkinson senger Famill matgedeelt.
Den Acteur war ënner anerem fir seng Roll als Danz-Trainer an der Komedie “The Full Monty” bekannt, déi 1998 den Oscar fir déi beschte Filmmusik krut. De Wilkinson selwer war iwwerdeems zwee Mol fir en Oscar nominéiert. Eng Kéier als beschten Haaptacteur fir seng Roll an “In the Bedroom” am Joer 2001 an eng Kéier als beschten Acteur an enger Nieweroll fir seng Roll am Film “Michael Clayton” am Joer 2008.
Fir seng Roll als US-Politiker Benjamin Franklin an der Fernseeserie “John Adams” gouf hien 2008 mat engem Emmy an 2009 mat engem Golden Globe ausgezeechent.