
Den Joy Hoffmann huet virun der Berlinale an de Studioe vum Filmland zu Kielen mat den zwee Haaptproduzenten vum Film “Ingeborg Bachmann - Reise in die Wüste” geschwat. D’Bady Minck an den Alexander Dumreicher-Ivanceanu leeden déi zwou Produktiounsfirmen vun “Amour Fou” zu Wien an zu Lëtzebuerg. Mat der Schwäizerin Katrin Renz an hirer Firma “tellfilm” a mat “Heimatfilm” aus Däitschland, déi och scho mat “Amour Fou” fir de Film “Hannah Arendt” vum Margarete von Trotta geschafft haten, hu si zesumme fir ronn 9 Millioune Euro dem Margarete von Trotta hiren neiste Film iwwert d’Geschicht vum Ingeborg Bachmann produzéiert - dee Film, deen elo op der Belinale an der Kompetitioun seng Weltpremière feiert.
Am Zentrum vum Film steet d’Relatioun tëscht zwee vun de bedeitendsten, zäitgenësseschen, däitschsproochege Schrëftsteller, der Ingeborg Bachmann, gespillt vum Vicky Krieps, an dem Max Frisch.
D’Bady Minck resuméiert de Film esou:
De Film ass jo och schonn fir säin Developpement vum Lëtzebuerger Filmfong ënnerstëtzt ginn. Domat huelen ech un, dass Dir schonns vun Ufank un beim Projet derbäi waart. Wéi ass de Projet entstanen?
Dir hutt also net selwer direkt mam Margarete von Trotta um Zenario geschafft?
Wéi koum d’Vicky Krieps zu der Haaptroll am Film?
War d’Vicky als Haaptactrice wichteg fir de Finanzement vum Film? Villäicht bei den Distributeuren, déi jo och oft um Finanzement vun engem Film deelhuelen, a kucken, dass de Film attraktiv fir e méi breede Publikum ass?
Wéi ass et zur Selektioun vum Film op der Berlinale komm?