
Wéi et an der Plainte, déi d’Abdul deposéiert huet, hätt de 74 Joer ale Produzent d’Sängerin 2 Mol belästegt. Am Kader vun enger Rees fir e Casting un “American Idol” hätt de Lythgoe si am Lift vun engem Hotel ugepaakt an hir reegelrecht “d’Zong an den Hals gestach.”
Zum zweeten Tëschefall wier et komm, wéi si 2015 Member vun der Jury “So You Think You Can Dance” war. De Lythgoe hätt si fir en Iesse bei sech heem invitéiert. Hei hätt hier versicht, si géint hire Wëllen ze kussen.
De Lythgoe weist béid Reproche géint sech zeréck.