
Aktuell ass d’Actrice am Stéck “Blackbird” am Theatre du centaure ze gesinn. Déi meescht wäerten d’Schauspillerin awer duerch hir Roll an der Serie “Capitani” kënnen. D’Jil Devresse huet hir Schauspillausbildung zu Berlin gemaach, wunnt zanterhier och do a pendelt tëscht Däitschland a Lëtzebuerg. D’Claudia Kollwelter huet ënnert anerem mat hir iwwert déi aktuell Theaterproduktioun, d’Ënnerscheeder tëscht Film an Theater an d’Zoufäll an hirem Liewe geschwat.
Aktuell ass d’Actrice am Stéck “Blackbird” am Theatre du centaure ze gesinn.
Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d’Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.
