
D’Kult-Band, déi mat kuerzer Ënnerbriechung a wiesselender Besetzung zanter den 80er Joren existéiert, sichen nämlech grad een neie Gittarist. “Den Applikatiounsprozess steet allen Interesséierten oppen”, esou d’Band e Freideg op X, fréier Twitter.
D’Smashing Pumpkins, déi mat hirer spezieller Nisch vun Alternative-Rock a Lidder wéi “1979" an “Tonight, tonight” bekannt gi sinn, hunn am Post potentiell Interessenten dozou opgefuerdert, hiren CV an anert Material un hire Management ze schécken. De Jeff Schroeder war zanter 2007 de Gittarist fir d’Smashing Pumpkins, ier hien d’Band viru kuerzem Verlooss huet.
Den neie Gittarist wäert sech dëst Joer mat Sécherheet net langweilen. De 7. Juni starten d’Smashing Pumpkins hir Europatournée mat der Band Weezer am englesche Birmingham. Duerno am Summer si si da mat Green Day op hirer Tour an Nordamerika ënnerwee.