Ee virtuellt Universum an eiser Welt. Kléngt absurd, mee et schéngt d’Zukunft ze sinn. Jidderee ka seng eege virtuell Welt erschafen. Ee lëtzebuergescht Startup huet de “Megaverse” op d’Bee gestallt. Souguer d’Philharmonie plangt ee Concert am “Megaverse”.
Och de Metaverse-Pionéier, Pit Vinandy, alias Cyber Piper, huet niewent senge fréiere Concerten och d’Welt vum Pafendall am Joer 1867 kreéiert. Hei kann een net just mat Kolleegen chatten, mee och verschidde Beruffer ausüben an dofir bezuelt ginn.
Et kann een am Metaversum quasi een zweet Liewe féieren. Mee ob d’Leit dat wierklech wëllen, do sinn d’Meenungen nach gespléckt. Mee sou oder sou wäert sech d’Technologie weider entwéckelen. Ob mer an Zukunft wierklech als virtuell Avataren an enger virtueller Welt ronderëm lafen, wäert sech weisen.