
Kuerz virun de Feierdeeg goufen nämlech och déi éischt Biller vun der grousser Bün an der Malmö Arena op Eurovision.tv verëffentlecht. Eng zentral gehale Bün a Form vun engem Kräiz spréngt engem direkt an d’A, beweeglech LED-Elementer, souguer um Plaffong an der ganzer Hal, suerge fir en 360-Grad-Effekt.
Kreéiert gouf de Bünendesign vum Florian Wieder, dee scho méi wéi eemol fir den ESC geschafft huet, a vum Fredrik Stormby, zwou Gréissten am Staging-Fachgebitt.