
Mickey’s Mouse Trap ass een dovun a weist e Mäerder, deen als Micky Maus verkleet ass. Dëse verfollegt eng Grupp vu Frënn an engem Fräizäitpark.
De Copyright fir déi kuerz Schwaarz-Wäiss-Zeechentrickfilmer “Steamboat Willie” a “Plane Crazy” aus dem Joer 1928 sinn den 1. Januar ofgelaf. Domat ass et elo erlaabt, Adaptatiounen an Änleches ze maachen. D’original Figure wéi de Micky an d’Minnie Maus dierfen deemno kopéiert an ugepasst ginn.
Ganz esou einfach ass et awer net. Disney huet nämlech weiderhin “d’Rechter un de moderne Versioune vun der Micky Maus”, erkläert de Grupp.
“Mir wollte mat all deem nëmme Spaass hunn”, seet de Regisseur Jamie Bailey vu Mickey’s Mouse Trap an engem Trailer, deen hien op YouTube verëffentlecht huet. E grousse Budget hat d’Horror-Komedie och net, déi viraussiichtlech am Mäerz wäert ze gesi sinn.
Och de Steven LaMorte schafft un enger eegener Versioun vun der Micky Maus. “Steamboat Willie huet ville Generatioune Freed gemaach, awer ënnert der Iwwerfläch ass Potenzial fir verréckten Horror”, erkläert hien. D’Produktioun fir dëse Film soll am Fréijoer ufänken.