Kleeder, Konscht a FotografieElton John versteet 900 privat Géigestänn

RTL Lëtzebuerg
Ënnert dem Titel "The Collection of Sir Elton John: Goodbye Peachtree Road" kënnt de Privatbesëtz vum Museker beim Londoner Auktiounshaus Christie's am Februar ënnert den Hummer.
Concert vum Elton John am Juni 2017 an der Coque.
Concert vum Elton John am Juni 2017 an der Coque.
© RTL

De brittesche Weltstar Elton John a säi Mann David Furnish plënneren. Ma dofir mussen awer eng ganz Partie Saachen aus dem Penthouse zu Atlanta verkaf ginn, an deem den Elton John 31 Joer laang gewunnt huet.

Wien de Sänger kennt, weess, datt de Sir Elton John en éischter ausgefalene Goût huet. Ënnert den 900 Géigestänn aus senger Residenz sinn ënnert anerem extravagant Sonnebrëller, déi zum Markenzeeche vum 76 Joer ale Museker gehéieren, grad ewéi Konschtwierker, wéi zum Beispill vum Kënschtler Banksy oder dem Julian Schnabel, awer och de Yamaha-Piano, op deem den Elton John seng Shows um Broadway gespillt huet.

Den Tablo vum Banksy aus dem Joer 2017 ass den deiersten Objet, deen ënnert den Hummer kënnt. D’Bild, dat e maskéierte Mann weist, deen e Bouquet Blumme geheit, soll fir knapp 1,5 Milliounen Dollar verkaf ginn.

Wéi d’New York Times schreift, kéint déi komplett Kollektioun ronn 10 Milliounen Dollar abréngen. Op engem gemeinsame Video op Instagram ginn de Museker an d’Auktiounshaus en éischte Virgeschmaach op d’Sammlung. Um Site vu Christie’s kann ee sech ausserdeem schonn eng Rei Objete vum Elton John ukucken, déi vum 9. bis 21. Februar an enger ëffentlecher Ausstellung presentéiert ginn. Versteet gëtt de Privatbesëtz vum Elton John dann tëscht dem 21. an 28. Februar.

Link: Méi zu de gesteeten Objeten a firwat d’Haus zu Atlanta dem Elton John besonnesch um Häerz läit.

Back to Top
CIM LOGO