Mat Hëllef vu KIElvis-Comeback als Hologramm an neier Show zu London

RTL Lëtzebuerg
An enger neier Show zu London soll de "King of Rock'n'Roll" nees zum Liewen erwächt ginn.
© AFP

Bei der “Elvis Evolution” kënnt kënschtlech Intelligenz an den Asaz, déi dem Public d’Méiglechkeet gëtt, den Elvis Presley nach eng Kéier ze erliewen. D’Musekslegend war 1977 verstuerwen.

D’Opféierung an der brittescher Haaptstad am November soll de Startschoss fir eng ganz Rei u Showe sinn. Dës wäerten eng digital Versioun vum Sänger bis op d’Bünen zu Las Vegas, Tokio a Berlin bréngen.

Zesummegestallt gëtt d’Show aus Hologrammen a verschiddenen Effekter. Et wier eng “Hommage vun der nächster Generatioun”, erkläert den Andrew McGuinness, Chef vun der brittescher Entreprise Layered Reality, déi d’Show entwéckelt. “Den Elvis huet weiderhi weltwäit de Status vun engem Superstar an d’Mënschen op der ganzer Welt wëllen net méi nëmmen do setzen an eng passiv Ënnerhalung empfänken - si wëllen en Deel dovu sinn.”

Back to Top
CIM LOGO