
D'Annonce hat uganks der Woch fir vill Reaktiounen am Netz gesuergt. De Macklemore, dee fir seng pro-palästinensesch Positioun bekannt ass, gouf vum Ed Sheeran senger "Loop-Tour" ausgeschloss, nodeems en op zwee Concerten am New Yorker MetLife-Stadium d'Parol "Fräiheet fir Palästina" geruff huet. Op Instagram huet den US-Rapper sech zu Wuert gemellt a gesot, den Ausschloss wier virun allem op Drock vum Proprietär vum Gillette-Stadium, Robert Kraft, geschitt. Dësen hätt dem Ed Sheeran domadder gedreet, d'Concerten a sengem Stadion ma och an deene vun anere Proprietären, z'annuléieren, sollt de Macklemore weiderhin Deel vun der Tour bleiwen.
En Dënschdeg hu sëllegen aner Kënschtler, déi supposéiert waren op der Tour opzetrieden, aus Solidaritéit mam US-Rapper hir Participatioun ofgesot. Dorënner de Sänger a Brudder vum Billie Eilish, Finneas, d'iresch Museker Aaron Rowe a Beoga wéi och d'dänesch Band Lukas Graham. Dat, trotz engem Statement op de soziale Reseaue e puer Stonne virdru vum Ed Sheeran selwer, dee sech drop behaapt, d'Decisioun de Macklemore auszeschléissen, kéim vum Promoteur an net vun him selwer.
An de soziale Reseaue krut de Macklemore massiven Zousproch, ënner anerem vun der schweedescher Aktivistin Greta Thunberg, déi schreift: "Ed, et gëtt hei nëmmen eng Affer: dat palästinensescht Vollek (...) All Artist, dee sech vun der Tour zeréckzitt an all Fan, dee säin Ticker ofgëtt, decidéiert sech dofir, mat sengem Gewëssen ze stoen amplaz Kompliz vun Apartheid a Genozid ze sinn".
"Kënschtler däerfen net zum Schweige bruecht ginn, wa si sech fir déi Ënnerdréckt staark maachen (...) Ech stinn op der Säit vu Palästina a sengem Vollek", schreift beispillsweis nach de Finneas.
An och d'iresch Artisten, déi den Ed Sheeran op senger Tour hätte begleede sollen, hunn däitlech Wierder bei hiren offiziellen Ofsoe fonnt: De Grupp Beoga schreift "Mir sinn Iren, déi Kolonialismus verstinn".
De Sänger Rowe berifft sech op seng iresch Originnen a betount, "als Ire kenne mir nëmmen all ze gutt Genozid, express verursaacht Hongersnéit a gewaltsam Occupatioun".
D'dänesch Band Lukas Graham huet virun allem den Drock vun de Stadion-Proprietäre wéi dem Robert Kraft kritiséiert, déi mat Annulatioune gedreet hunn, wann de Macklemore Deel vun der Tour bleift:
"Sue ginn engem net d'Recht, den Debat ze monopoliséieren (...) T'ass net de Kontostand vun iergendengem, deen decidéiere sollt, wien d'Recht huet, sech z'expriméieren, oder wéi ee Leed mer unerkennen däerfen".
A sengem Statement huet den Ed Sheeran verséchert, hien hätt e längeren Echange mam Robert Kraft, dem Proprietär vum Gillette Stadium zu Foxborough, Massachussetts an Haapt-Initiateur vum Macklemore sengem Tour-Ausschloss gehat, ma ouni eng Léisung ze fannen. Dëse soll dem Macklemore no iwwerdeems och aner Stadion-Proprietären iwwerzeegt hunn, Drock ze maachen. De Robert Kraft hat sengersäits an engem Statement an de soziale Medie gesot, hie wéilt "Haassried keng Plattform ginn". Dem US-Rapper huet en eng "antisemittesch Rhetorik" reprochéiert.
De Macklemore huet sech zanter dem Ufank vum Krich an der Gazasträif widderhuelt solidaresch mat de Palästinenser gewisen an d'Virgoe vun der israeelescher Arméi als Vëlkermord bezeechent.
Den Ed Sheeran hat a sengem Statement vun en Dënschdeg betount, hie géing den US-Rapper dofir respektéieren, fir déi Saachen anzestoen, un déi hie gleeft, ma gläichzäiteg seng eegen Decisioun verdeedegt, net ëffentlech iwwer politesch Theemen, besonnesch de Krich an der Gazasträif ze schwätzen. "Ech si kee Kompliz. Ech hu meng perséinlech Meenungen zu dësem schreckleche Konflikt. D'ass net, well ech mech dozou entscheeden, näischt ëffentlech ze soen, datt ech keng hunn an et bedeit och net, datt et mech net interesséiert". Mee "déi, déi op meng Concerte kommen, erwaarde kee politesche Forum".
E Mëttwoch huet de Macklemore dunn annoncéiert, hie wéilt insgesamt 1 Millioun US-Dollar vu senge Recetten duerch d'Tour u sechs verschidden Hëllefsorganisatioune spenden, déi Palästinenser hëllefen. Säin Appell un de Robert Kraft war et, mat der Spend gläichzezéien.
Dësen huet kuerz duerno selwer reagéiert an an engem Post an de soziale Reseaue geschriwwen, den Ed Sheeran hätt hie gebieden, 2 Milliounen Dollar ze spenden. Ob en dëser Demande nokomme wäert, huet den Entrepreneur dobäi oppe gelooss. A sengem Statement huet hien iwwerdeems betount, en hätt "iwwer Joerzéngten Efforten ënnerstëtzt, déi Opportunitéite fir Palästinenser kreéiert hunn a jonk Palästinenser an Israeelien zesummebruecht, fir Entreprisen, Aarbechtsplazen a Relatiounen ze schafen".