
Wéi d’Ëmwelt-Gruppéierung “Just Stop Oil” matgedeelt huet, hu béid jonk Fraen, déi een och op engem Video gesäit, zwou Dousen Tomatenzopp op dat weltberüümt Bild vum hollännesche Moler Vincent Van Gogh geschott. D’Bild selwer gouf vun enger gliese Plack geschützt. Hannert der Aktioun stécht d’Fuerderung un déi brittesch Regierung, direkt all nei Ueleg- a Gas-Projeten ze stoppen.
Domadder awer net genuch, kuerz drop hu béid Aktivistinnen sech mat Pech un d’Mauer gepecht. “Maacht der iech méi Suergen iwwert de Schutz vun engem Bild oder iwwert de Schutz vun eisem Planéit an de Mënschen?”, esou e Message vun der Organisatioun. No der Aktioun huet d’Police béid Frae festgeholl.
Änlech Aktioune goufen et déi lescht Woch ëmmer nees, dat vu verschiddenen Aktivisten zu Berlin, Dresden, Florenz a London.