
Béid Fraen hunn op “net schëlleg” plädéiert an hunn de Virworf vun der Beschiedegung vum weltberüümte Sonneblumme-Bild zeréckgewisen. De Riichter huet d’Aktivistinne bis de Prozessufank am Dezember op Sursis fräigelooss.
Bei der Aktioun vun der Ëmtweltgrupp “Just Stop Oil” hate béid Aktivistinnen e Freideg zu London d’Meeschterwierk vum hollännesche Moler mat Tomatenzopp iwwergoss. Wéi d’Nationalgalerie matgedeelt huet, huet hir Aktioun just e “klenge Schued” un der Rumm hannerlooss. D’Konschtwierk selwer wier onbeschiedegt bliwwen.
D’Protestgrupp “Just Stop Oil” fuerdert vun der brittescher Regierung, sämtlech Ueleg- a Gasprojeten ze stoppen.