KierchbiergEn Abléck an d'Archive vun der Nationalbibliothéik

RTL Lëtzebuerg
Et sinn al Bicher, verschiddener iwwer 400 Joer al, déi an der Nationalbibliothéik um Kierchbierg leien.
En Abléck an d'Archive vun der Nationalbibliothéik
Et sinn al Bicher, verschiddener iwwer 400 Joer al, déi an der Nationalbibliothéik um Kierchbierg leien.

Dës besonnesch Bicher fënnt een awer net an der normaler Bibliothéik, dat ass just d’Spëtzt vum Äisbierg. Ënnendrënner sinn d’Archiven an hei huet eis de Claude Conter mat erofgeholl. Op am Ganze 5 Stäck mat allkéiers 11 Raim sinn déi verschidden Archive verdeelt. Hei ginn och extra Mesurë geholl, fir d’Wierker ze schützen.

Net jiddereen huet Accès dozou. Wien an deene Bicher schaffe wëll, dee ka se bestellen a kritt si da bereet geluecht am Liessall. De Sall Dr. Jean-Claude Loutsch gouf ugangs dës Joers ageweit. Den Aendokter huet nämlech säi Liewe laang al Bicher gesammelt an déi goufen elo gespent. Eng wäertvoll Sammlung.

Am Radio-Reportage erzielt eis seng Fra, d’Josannette Loutsch-Weydert, wéi hien op d’Passioun vun dëse Bicher komm ass a wéi een esou eng Sammlung zesummestellt. Déi ganz Bibliothéik sinn eng 15.000 Bicher.

26/04/2022 TV Teaser

D’Heraldique dat ass d’Konscht vun de Wope vu gréisstendeels adelege Familljen a wéi si sech duergestallt hunn oder ganz einfach erkläert: d’Adressebicher vun deemools. Un de Wopen erkennt een nämlech, wien zu wiem gehéiert.

Heiansdo stinn awer och Informatiounen dobäi, wat wie gemaach huet, wie mat wiem Famill war. An deene sougenannte Frëndschaftsbicher hu sech d’Leit och selwer agedroen. Wa si op Besuch waren, hu si hire Wopen hannerlooss. Mol méi oder manner talentéiert. Virun allem Fuerscher an Historiker kënnen dorausser vill léieren an erausfannen.

Aktuell gi Këschte produzéiert, an deene si da waarde kënnen, gutt geschützt, bis dass een eppes an hinnen nokucke wëll, fir dat gewuer ze ginn, wat virun 100 Joer gelaf ass.

Back to Top
CIM LOGO