Schwarze SpiegelEng Erzielung vum Arno Schmidt

RTL Lëtzebuerg
D'Kathrin Herrn hëlt d'Wierk aus der Nokrichszäit op d'Bün vum nationalen Theater.
Schwarze Spiegel
Eng Erzielung vum Arno Schmidt gëtt am Theater gespillt

Den Arno Schmidt ass en däitschen Auteur, dee virun allem nom Zweete Weltkrich geschriwwen huet. Säi bekanntstent Wierk ass “Zettel’s Traum”. De Schrëftsteller ass bekannt dofir, dass hien immens experimentell a poetesch geschriwwen huet. En huet als Aussesäiter gegollt an huet och zeréckgezu gelieft, ma hien hat awer och e gewëssene Kultstatus virop bei der jonker Generatioun.

An der Erzielung “Schwarze Spiegel” vum Arno Schmidt huet den Drëtte Weltkrich all Zivilisatioun zerstéiert. De leschten Iwwerliewende fiert mam Vëlo duerch Schrott a Reschter vun deem, wat emol war an zielt vu senge Gedanken.

“E seet genee déi Saachen, déi ee soss eigentlech net soen dierf. Et schwéngt ëmmer esou e klengen Haass op d’Mënschheet mat. En ass net onbedéngt zynesch, mee e muss kengem Gefalen”, beschreift d’Aleksandra Ćorović den Haaptprotagonist vum Stéck.

Net just d’Bün, och de Klang vum Stéck ass däischter. De Jan Plewka, Sänger vun der Rockband Selig, spillt och am Stéck mat an huet den Toun vum Wierk entworf. Dobäi huet hie probéiert, esou no wéi méiglech un der originaler Erzielung dran ze bleiwen.

De Jan Plewka erkläert de Prozess, wéi hien d’Theaterstéck mat sengem Team vertount huet: “Ech hu mer all Substantiv aus dem Buch ‘Schwarze Spiegel’ vum Arno Schmidt erausgestrach an aus dësen da matenee gereimt. Dorausser ass dann erëm eng ganz eege poetesch Welt entstanen an der den Arno dran ass.”

D’Realisatrice Kathrin Herm bréngt et gekonnt fäerdeg, déi vill Déiften a Pointë vum Text aus de 40. Joren emotional op d’Bün ze huelen. De roude Fuedem vun der kollektiver Verantwortung vun der gesamter Mënschheet hält d’Wierk vun deemools haut nach aktuell.

“Wann d’Mënschheet weider esou lieft, wéi se et mécht, schaaft se sech selwer villäicht eng Kéier of. Dat ass och e grousst Thema bei all deene jonke Beweegungen, déi si genee vun de Angscht gedriwwen”, esou d’Realisatrice.

Fir d’Erzielung op enger Theaterbün ëmzesetzen, huet d’Realisatrice sech mat hirem Team entscheet, mat engem minimalistesche Set ze schaffen. Den originalen Text beschreift d’Welt, duerch déi de Protagonist geet, ganz konkret. Genee esou gëtt dat dann och iwwert d’Actrice Aleksandra Ćorović un de Public weider, ouni groussen Dekor. Onüblech fir den Theater komme Kameraen an den Asaz. Doduerch, dass d’Actrice gefilmt gëtt an live op e Rideau virun der Bün iwwerdroe gëtt, schaaft d’Regisseurin eng Déift, déi sech perfekt ubitt, fir dem Public d’Gedanken an d’Gefiller vum Protagonist ze vermëttelen.

D’Stéck leeft nach bis den 13. Juni 2023. Hei heet et op d’Säit vum nationalen Theater.

Interview mat der Realisatrice Kathrin Herm:

Am Interview gëtt eis d’Realisatrice weider Informatiounen iwwert de Message, dee si mam Stéck un de Public brénge wëll, a wéi se aus der original Erzielung hiert eegent Wierk gemaach huet an d’Wiel vun de Schauspiller.

Schwarze Spiegel : Interview mam Kathrin Herm
Interview mam Kathrin Herm

Back to Top
CIM LOGO