Kammerata LëtzebuergEng feierlech Atmosphär op de Musicdays Vianden 2022

RTL Lëtzebuerg
Dëse Weekend stoung déi drëtten Editioun vun de Musicdays Vianden um Programm.
Musicdays Vianden 2022
Dëse Weekend stoung déi drëtten Editioun vun de Musicdays Vianden um Programm.

Vun e Freideg bis e Sonndeg den Owend stounge fënnef Concerten um Programm, am Schlass oder an der Trinitarierkierch. De Régis Thill war fir RTL um éischte Concert am Schlass.

D’Schlass vu Veianen bitt vu baussen, awer och vu bannen dee richtege Kader fir Concerten. De Wee fir erop bei d’Schlass ass zwar e bëssen ustrengend, mee et lount sech. Sou e Kader fir Musek ze spillen an ze lauschteren, wënscht een sech.

D’Kammerata Lëtzebuerg sinn déi musikalesch Eltere vum Programm vun dësem klenge Festival, zesumme mat der Gemeng Veianen an de Schlassfrënn. An d’Kammerata bleift sech trei, fir e breede Spektrum vu Kammermusek unzebidden.

Dem George Crumb säi Stéck “Eleven Echoes of Autumn” kënnt am Sall vum Schlass gutt eriwwer, och wéinst der Akustik. Zäitgenëssesch Musek an ale Maueren, dat kléngt op den éischte Bléck ongewinnt, mee et huet säi Charme.

Back to Top
CIM LOGO