"L'invisible rendu visible"Eng Fotosausstellung bei der Chamber um Chantier

RTL Lëtzebuerg
De Marc Schoentgen war an der Lescht ëfters bei der Chamber ënnerwee. Hei fënnt een e Chantier, deen awer duerch de Marc Schoentgen verschéinert gouf.
Eng Fotosausstellung bei der Chamber um Chantier
De Marc Schoentgen war an der Lescht ëfters bei der Chamber ënnerwee. Hei fënnt een e Chantier, deen awer duerch de Marc Schoentgen verschéinert gouf.

Hien huet eng Fotosausstellung, déi een den Ament ronderëm d’Chamber bewonnere kann. Säi But: Dat de Leit ze weisen, wat se soss net ze gesi kréien.

Dofir jo och de Numm: “L’ invisible rendu visible”. Fir de Marc Schoentgen ass et wichteg, eise Patrimoine ze erhalen an do gehéiert fir hien d’Chamber dozou.

Et ass den Detail, dee fir hien zielt, indirekt huet hie säin Beruff mat sengem Hobby verbonnen. Fotograf ass net säi Vollzäitjob, hien ass Polizist, schafft awer am Palais.

A well d’Chamber net wäit vum Bistrot de la Presse ewech ass, fënnt een och dobannen déi eng oder aner Foto vum Marc Schoentgen.

Back to Top
CIM LOGO