
Besonnesch bekannt ass de Sedletz-Ossarium, eng kleng Kierch, an där dausende vun Doudekäpp, dekoréiert mat Schanken, hänken.
85 Kilometer vu Prag ewech, wat ongeféier annerhallef Stonn mam Zuch bedeit, ass Kutná Hora eng beléiften Destinatioun fir Tschechen a fir Touristen aus der ganzer Welt. Wann dann och nach gastronomesche Festival ass, wéi de leschte Weekend, da kënnt ee kaum nach an den Zuch eran.
Kutná Hora ass eng mëttelalterlech Stad aus dem 12. Joerhonnert, a wann um Weekend d’Leit aus aller Welt kommen fir sech d’Stad unzekucken an ee lokale Béier ze drénken, da passen och déi lokal Musikanten sech der historescher Stëmmung un.
Hautdesdags huet Kutná Hora 20.000 Awunner a lieft gréisstendeels vum Tourismus a vun enger lokaler Tubakfabrik.
Besonnesch beléift ass den Sedletz-Ossarium, fir deen een aus der Alstad eng hallef Stonn trëppele muss. Vu bausse gesäit et wéi eng onscheinbar Kierch aus, mä bannen dra sinn 60.000 mënschlech Skeletter, déi aus der Zäit vun der Pescht an vun den Hussitekricher stamen, aus dem 14. a 15. Joerhonnert. Een hallefblanne Pater hat am 16. Joerhonnert ugefaangen, d’Skeletter ze benotzen, fir d’Kierch ze dekoréieren. D’Resultat geet engem wuertwiertlech duerch Muerch a Schank.
Wie sech den Ossarium an d'gothesch Kathedral ukucke wëll, dee kann dat fir 120 tschechesch Kroune maachen, also fir e bësse manner wéi 5 Euro. En Dagesausfluch ass et op alle Fall wäert!
Och an der Groussregioun, net wäit hanner der Grenz, gëtt et en Ossuaire, dat um Kierfecht zu Marville, tëscht Longuyon a Montmédy geleeën. (En Artikel a Fotoen hei drënner aus dem Joer 2009.)
Ausfluchstipp: Trip bei e Klouschter, eng Kierch, eng Buerg an ee Kierfecht