Trip bei e Klouschter, eng Kierch, eng Buerg an ee Kierfecht

De Kierfecht vu Marville. / © Luc Marteling
Eng "Liebeserklärung" un d'Groussregioun: Vu Lëtzebuerg op Orval via Avioth weider op Montmédy a vun do aus op Marville. An erëm heem. Alles an engem Dag.
Et ass, ech ginn et gären zou, mäi léifsten Ausfluch hei an der Géigend. Mir bleiwen an der Groussregioun, méi genee geet et un déi belsch-franséisch Grenz.
Eis éischt Statioun: Orval. Eng Stëndche kann ee rechnen bis bei dat vrun allem fir säi Béier bekannten Trappisteklouschter. Hei kann een duerch déi al Vestigen trëppelen, déi fir déi wiesselvoll Geschicht vun der Mönchscommunautéit stinn. An engem Film kritt ee si nach eemol duergeluecht.
Bekannt ass Orval, wéi gesot, fir säi Béier a säi Kéis. Natierlech kann een es am Klouschterbuttek kafen oder sur place probéieren. Ganz no beim Klouschter ginn et zwou Plazen, wou een déi lokal Spezialitéite genéisse kann, och wann déi, déi am noosten ass, d'Auberge de l'Ange Gardien, zënter dem 26. Oktober 2009 zou ass a nach bis de Summer 2011 zou bleift.
D'Gebai gëtt komplett nei gemaach, de fond en comble. Begrënnung: "Transformation importante, mais transformation absolument nécessaire pour pouvoir continuer à rendre le service d'accueil aux pèlerins et touristes."
Als Trappistebéier gëllt iwwregens just Béier, dee vun Trappistemönchen oder ënner hirer Surveillance gebraut gëtt, an zwar am Klouschter oder direkt derbäi. An de gréissten Deel vum Benefice muss fir sozial Wierker sinn. An der Belsch ginn et nach 6 Trappistebéieren, an Holland nach 1, also nach just 7 op der ganzer Welt.
An de Kéis vun Orval ass réi ganz gutt oder als Gratin zum Beispill op Grompere mat Speck ... Lecker!

Eng Véirelstonn brauch een, fir vun Orval an der Belsch op Avioth a Frankräich ze fueren. Eigentlech wier Avioth just een onbekanntent Kaff (ronn 100 Awunner), wann do net eng fir esou ee klengt Dierfchen zimlech iwwerproportionnéiert Kierch géng stoen, eng Basilika vill méi, déi an engem wonnerschéine gotesche Stil gebaut gouf an eng Raritéit opweist, déi et esou a ganz Frankräich net nach eemol gëtt: eng Recevresse.
Déi schéi verzierte Konstruktioun am gotesche Flamboyant-Stil war wuel Deel vun enger Mauer, wou d'Pilger hir Saache konnten ofginn, déi se matbruecht hu fir ze afferen. Eng Kopie vun der Recevresse steet zu Paräis am Musée des monuments historiques.
De Bau vun der Kierch - och nach "la cathédrale des champs" genannt - ass aus dem 13. bis dem 15. Joerhonnert. Virausgaange war d'Wierke vun der Jongfra vun Avioth, déi am 11. Joerhonnert hei Wonner gewierkt soll hunn an Zil vu ville Pilger war.

Lénks d'Recevresse, am Hannergrond déi gotesch Basilika vun Avioth.
Zeng Minutte sinn ech dann am Auto, fir vun Avioth bei der grouss Buerg vu Montmédy ze kommen, déi déi ganz Colline iwwert dem Duerf (ca. 2000 Awunner) anhëlt a vun där aus een eng wonnerbar Vue op d'Ëmgéigend - dat heescht op d'Dall vun der Chiers - huet.
Mat der grousser Festung hat sech an der Zäit och de Vauban befaasst. Déi grousseg Mauere vun der Citadelle beweisen et nach bis haut ... souguer am 1. an am 2. Weltkrich huet si eng Roll gespillt.

D'Mauere vu Montmédy.
Den Highlight vun dësem Trip, dee labber an enger Dag ze maachen ass, ass awer sonner Zweifel Marville, "un des plus beaux villages de Meuse, et un des mieux protégés" (Le Guide du Routard - Lorraine). 12 Minutte sinn et vu Montmédy heihin. Dat klengt Dierfchen matten op der Grenz vum Departement Meuse mam Departement Meurthe-et-Moselle iwwerrascht mat dem Kierfecht St. Hilaire, deen dem Bild vu ville "verwonschene" Kierfechter aus Filmer zimlech no kënnt.
Besonnesch beandrockend ass den Ossuraire mat senge 40.000 Doudekäpp, déi schéi getësselt an engem zimlech spartanesche Bau stockéiert ginn - esou, wéi de Gardien Motsch si anno 1890 zortéiert huet. Anscheinend stame si vu Leit, déi un der Pescht gestuerwe sinn, wat awer net wierklech erklärt, firwat et der esou vill sinn, well zu Zäite vun der Peschtepidemie war Marville zwar vläit méi grouss wéi haut, awer nach ëmmer keng Groussstad.

Weider ginn et hei eng ronn 100 ganz kënschtleresch Griewer aus dem 15. bis dem 18. Joerhonnert.
Iwwert dem Ossuaire mat deene ville Schanke steet iwwregens geschriwwen: Nous avons été comme vous, vous serez comme nous, priez dieu pour nous.
Marville huet zirka 500 Awunner, zitt awer mindestens zweemol am Joer d'Touristen un: fir de "Festival Arts & Renaissance" (2010 ass en de 5. a 6. Juni), e grousst Mëttelalterfest, an eng gréisser Wäischmaach an de Kellere vun den alen Haiser ("Marville ouvre ses caves aux vins").
Zu Marville gehéiert awer och, datt dat klengt Duerf an de 1960er Joer en Nato-Stützpunkt war, wou kanadesch Zaldote stationnéiert waren (bis 1967). Eng Landepist fir Fligeren gëtt et nach ëmmer do.

Ronn 2,5 Stonne brauch ee fir déi 173 Kilometer: Vu Lëtzebuerg (A) op Orval (B) wieder op Avioth (C) a Montmédy (D) a vun do op Marville (E) an dann nees heem (F). / © Google Maps