Rozafa Elshan stellt am CNA ausEng Landschaft mat alldeeglechen Objeten

Patricia Baum
D'Rozafa Elshan huet de Mentorship Award vu Lëtz Arles gewonnen. D'Resultat vun hirer Kënschtlerresidenz kann een nach bis Juli an den CNA kucke goen.
Rozafa Elshan stellt am CNA aus: Eng Landschaft mat alldeeglechen Objeten
D’Rozafa Elshan huet de Mentorship Award vu Lëtz Arles gewonnen. D’Resultat vun hirer Kënschtlerresidenz kann een nach bis Juli an den CNA kucke goen.

D’lescht Joer huet d’Associatioun Lëtz Arles de LUPA-Präis gegrënnt. Mam Luxembourg Photography Award gëtt de Fotograf oder d’Fotografin erausgesicht, deen zu Arles um Fotofestival ausstellt. Do doniewent gëtt et awer och de Mentorship Award, bei deem et drëm geet, jonke Fotografen d’Méiglechkeet vun enger Kënschtlerresidenz ze ginn. An dësem Fall konnt d’Rozafa Elshan hir Aarbecht zu Arles verdéiwen an d’Resultat gesäit een elo am CNA. Wärend 3 Méint konnt d’Kënschtlerin Rozafa Elshan an der Kënschtlerresidenz, zesumme mat der Fotoschoul zu Arles, hir Aarbecht weider professionaliséieren. Thema vun der Residenz war “Espaces imprimés”. Fir d’Kënschtlerin war et eng wichteg Erfarung, déi hir Zäit a Raum fir hir Aarbecht ginn huet.

Et ass eng Recherche iwwer d’Relatioun tëschent dem Kierper, dem Raum an der Zäit a fir dëst an den Ausstellungsraum ze iwwerdroen, benotzt si verschidde Materialien an eng fotografesch Dokumentatioun.

Et ass wéi eng Landschaft mat alldeeglechen Objeten, déi hei um Buedem entseet a wou d’Kënschtlerin selwer wéi eng Komponistin agéiere kann. Déi vertikal an horizontal Elementer am Raum bréngen eng Kompositioun, e Rhythmus, eng Beweegung an eng Struktur mat sech.

D’Ausstellung vum Rozafa Elshan kann een nach bis Ufank Juli an den Display1 vum CNA kucke goen an och dem Daniel Wagener seng Installatioun “Opus Incertum” déi d’lescht Joer zu Arles gewise ginn ass, ass elo am Pomhouse zu Diddeleng ukomm.

Back to Top
CIM LOGO