"Schreif mer e Gedicht"Eng OpenAI, déi aus engem Saz e Gedicht op Lëtzebuergesch mécht

RTL Lëtzebuerg
De Marco Barnig huet op der Plattform "Hugging Face" eng kënschtlech Intelligenz programméiert, déi aus diverse Sätz e Gedicht op Lëtzebuergesch schreift.
Ech ginn an d’Vakanz fir mech auszerouen, Déi wäert eng richteg Wonner sinn. Ech kënnen endlech mam Strand relaxen, An e puer schéi Sonnenbad kréien.

Sou formuléiert de “Schreif mer e Gedicht” de Saz “Ech ginn an d’Vakanz, fir mech auszerouen” zu engem klenge Gedicht op Lëtzebuergesch ëm. Opgebaut huet de Gedicht-Verfaasser, de sougenannten AI-Model GPT-3 vun OpenAI, de Marco Barnig, dee mat der Säit wëll weisen, wéi gutt oder och schlecht eng kënschtlech Intelligenz aus Wierder op Lëtzebuergesch e Gedicht ka maachen. Bei einfache Sätz klappt dëse Gedicht-Verfaasser nawell gutt. Mat méi komplizéierte Formulatiounen dogéint, huet déi kënschtlech Intelligenz méi Problemer. Well d’Säit awer nach an enger “Demo-Phas” ass, wäert sech d’AI wuel lues a lues weider verbesseren.

E klengen Tipp: richteg Lëtzebuergesch ze schreiwen, hëlleft d’Text-Generatioun ze optiméieren. Dobäi kann ee sech vum Spellchecker oder LOD hëllefe loossen.

LINK: Loosst Iech hei Äert Gedicht schreiwen

Back to Top
CIM LOGO