Mam Monodrama “Escher Meedchen”, dat 2018 uropgefouert gouf, huet déi Lëtzebuerger Auteurin Mandy Thiery ee Stéck geschriwwen, an deem et ëm d’Gefillswelt vun enger Fra geet, déi vun engem Familljemember sexuell mëssbraucht gouf. Mat “Escher Bouf” gëtt de Familljendrama elo aus enger anerer Perspektiv beliicht.
Um Samschdeg Owend, den 16. Dezember, ass d’Première am Escher Theater.
De Gilles, gespillt vum Max Thommes, gouf als Bouf Zeien dovunner, wéi seng Schwëster Mona an der eegener Famill mëssbraucht gouf. En Trauma, deen déif Spueren hannerlooss huet. Als Erwuessenen – als Papp a Mann - wëll hien alles richteg maachen, ma seng Scholdgefiller loossen hien net zur Rou kommen a prägen och seng Bezéiungen, sief et déi zu senger Fra a senge Kanner, oder déi zu senge Frënn.
Un der Säit vum Max Thommes spillen d’Clara Hertz, de Marc Baum an d’Rahel Jankowski.
D‘Mandy Thiery wëll mat hiren Texter Theme wéi Inzest, respektiv sexuelle Mëssbrauch an der Famill enttabuiséieren an däitlech maachen, wéi wichteg et ass, Familljeproblemer ze léisen an Traumaen opzeschaffen. Fir d‘Thematik am Detail ze diskutéieren an d‘Schauspiller an hirer Aarbecht ze ënnerstëtzen, hat d‘Schrëftstellerin Psychologen an d‘Prouwen agelueden.
Ënnert der Regie vum Carole Lorang setzen déi verschidde Schauspiller d‘Geschicht mat Humor, Danz a vill Kierperlechkeet locker an Zeen.
“Escher Bouf” gëtt nach de 17., 20. an 22. Dezember gespillt.
Béid Stécker vum Mandy Thiery, “Escher Meedchen” an “Escher Bouf” sinn zwar Deel vun enger Trilogie, ma et muss een dat éischt awer net gesinn hunn, fir dat zweet ze verstoen.
Wien dozou awer Loscht huet, deen huet de 17. Dezember um 11h nach eemol d‘Geleeënheet fir sech d‘Familljegeschicht aus der Perspektiv vum “Escher Meedchen” unzekucken.
Ticketen ginn et op www.theatre.esch.lu