
Iwwer 50 Joer no der Trennung hunn d’Beatles um Donneschdeg hir warscheinlech lescht Single verëffentlecht. Um 15 Auer huet “Now And Then” um Internet Première gefeiert.
D’Lidd hat den John Lennon an de spéide 70er Jore geschriwwen an als onkomplett Demo opgeholl. Scho viru 26 Joer wollten d’Beatles et erausbréngen, wat duerch en techneschen Defekt am Lennon senger Opnam awer net méiglech war. Eréischt duerch den technologesche Fortschrëtt a kënschtlecher Intelligenz konnt de Projet fäerdeg gestallt ginn.
Live um Radio
Fir nach emol dat ganzt Lidd ze lauschteren, maacht um 17.40 Auer de Radio un.
RTL-News: 53 Joer no der Trennung: D’Beatles bréngen hiert allerlescht Lidd eraus