"Need for speed"Ethel Coppieters, Weiblechkeet a Beweegung

RTL Lëtzebuerg
Mat "Need For Speed" stellt déi belsch Kënschtlerin Ethel Coppieters an der Stater Valerius Gallery hir zweet Solo-Ausstellung vir. Eng Ausstellung, déi d'Weiblechkeet zelebréiert.

Vollgas

“Need for speed”, en Numm, deen deem engem oder anerem eppes wäert soen, ganz egal ewéi kënneg een an der Konschtwelt ass. Grond dofir ass warscheinlech d’Videospill “Need For Speed” déi vill Tuning an Auto-Enthusiasten iwwert d’Joren ëmmer nees op en Neits begeeschtert huet. En Zoufall, dee sech ganz schnell als clevere Clin d’Oeil entpuppt huet. “Mir hate mam Gérard an dem Lou (vun der Valerius Gallery ndlr.) en Numm gesicht fir d’Ausstellung. Vu datt sech meng Konscht duerch eng staark dynamesch Approche charakteriséiert, koum dës Iddi op. Ech hunn zwar näischt mat deem Spill um Hutt, mee gläichzäiteg hunn ech et spannend fonnt, esou en Titel auszesichen, deen à priori eng éischter männlech Konnotatioun huet virun allem fir e Projet, deen d’Weiblechkeet där Moosse féiert”, erkläert d’Ethel Coppieters.

© Tom Jungbluth

Déi belsch Kënschtlerin huet zu Bréissel un der École de Recherche Graphique (ERG) studéiert an e Master am Zeechnen absolvéiert. Zënterhier ass si als Kënschtlerin aktiv a kann nieft verschidde kollektiv Ausstellungen och scho Solo-Ausstellunge virweisen. Eng Aktivitéit, déi si zäitweis och mat kommerziellen Opträg komplettéiert, wou si publicitaire Freske realiséiert. Ma den Haapt-Schwéierpunkt bleift hir Konscht a méi genau hir charakteristesch weiblech Figuren, déi en änlechen Erkennungswäert ewéi dem Nicki de St. Phalle hir Nanaen.

D'Nana-Statu vum Niki de Saint Phalle mam Titel
D’Nana-Statu vum Niki de Saint Phalle mam Titel
© Maxime Gonzales

“Ech si frou datt ech meng Signature fonnt hunn, virun allem well et eng ass, déi mir esou um Häerze läit,” freet sech d’Ethel. Hir Figuren inspiréiere sech vun de Fraen aus hirem Liewen, déi si am Alldag an iwwert d’Joren inspiréiert hunn. Ma gläichzäitegt stécht och vill vun hir selwer an hinnen. “D’Fraen a mengen Zeechnungen hunn all opfälleg Oueren a brong Hoer, esou ewéi ech”, geckst d’Kënschtlerin, “éierlech gesot war mir dat ufanks net direkt opgefall, ma ech mengen, datt et schwiereg ass fir egal ewéi een Artist, net en Deel vu sech selwer a seng Konscht mat afléissen ze loossen.” Nieft dëse kierperleche Charakteristiken zeechne sech dem Ethel Coppieters hir Fraen och duerch aktuell moudesch Accessoiren ewéi Cow-Boy-Stiwwelen aus. Dës hunn an de leschte Joren e richtege Revival an der Moud kannt, ewéi ënnert anerem d’Vogue bericht.


L’Union fait la force

Ma doriwwer ewech geet et der Ethel ëm méi, ewéi just e gewësse Fraebild duer ze stellen, “mir geet et virun allem drëms, d’Bild vun der Fra ausenaner ze huelen an d’Fra als dat, wat se wierklech ass, duer ze stellen”, erkläert si a fiert weider mat engem konkrete Beispill, “d’Buse vu menge Figure sinn net ronn a scheinbar perfekt. Mee dat si meng jo och net.” Gläichzäiteg stralen der Kënschtlerin hir Biller och eng staark Luminositéit a Wäermt, déi d’Dynamik, déi dës Biller vermëttelen, verstäerken. Och d’Motiver distanzéiere sech vun der klassescher Duerstellung vun der Fra an der Konscht. Keng passive Posen, déi d’Fra zu engem Objet reduzéieren, un deem sech den oft männleche Public ergötze kann. Beim der Ethel Coppieters, sinn d’Frae stänneg a Beweegung, aktiv also an an deem Sënn virun allem selbstbestëmmt. Och hei huet d’Kënschtlerin eng eege Charakteristik an hir Konscht afléisse gelooss. “Wann ech molen, muss ech kënne grouss Beweegunge mat mengem Pinsel maachen. Dofir si meng meeschten Toillen och grouss Formater. Ech brauch dëse Fräiraum, fir mech kënnen ze beweegen”, verréit si. Energesch Fraen also, ma virun allem och solidaresch Fraen. “Ech zeechne gäre Fraen a Gruppe well mir ass et wichteg dat Gefill vu Sororitéit ze vermëttelen, datt Frae sech géigesäiteg ënnerstëtzen a versammelen”, schléisst si of.

Versammele ka sech de Publik fir dës Ausstellung an der Stater Valerius Gallery nach bis de 17. Februar.

Back to Top
CIM LOGO