Love Lines World TourExklusive 24-Stonne-Virverkaf op RTL fir de Concert vun "LP"

RTL Lëtzebuerg
Mat Lidder iwwer Léift, e gebrachent Häerz a Libeskummer ass d'Singer- a Songwriterin LP bekannt ginn.

Wann Dir iech elo vläicht frot: wien, LP? Hire wuel bekanntste Song ass “Lost On You”, spéitstens elo misst dann och jidderee wëssen, wouhi mam Numm. Dobäi muss een dann awer soen, dass déi gebierteg Laura A. Pergolizzi ronn 25,7 Milliounen Nolauschterer zielt a scho Concerte mat Venten tëscht 3.000 an 20.000 Ticketen an iwwer 150 Stied opweises huet.

A sou ganz onbekannt ass d’LP net. Hire Museksstil sicht hiresgläichen, inspiréiert vu grousse Museker wéi Freddie Mercury, Jeff Buckley, Aretha Franklin, Joni Mitchell oder nach Roy Orbison. D’LP seet vun hirer Musek - “Songwriting is a way for me to go to the center of my own world” - d’Lidderschreiwen ass e Wee fir mech, den Zentrum vu mengem eegene Liewen z’erreechen.

A genee dat verschafft si och an hire Songs, eegen Erfarungen, Léift a Libeskummer an eben och, wann et nees biergop geet.

Am September dëst Joer koum lo hiren neisten Album “Love Lines” eraus, wou nieft der gewinnter Romantik och en nostalgeschen Ënnertoun oder mol tropescht Karibik-Feeling erauszehéieren ass. Dësen Album spigelt déi eege Befreiung vun enger laanger Bezéiung erëm, déi op en Enn gaangen ass. An der Séil vum Album fënnt een deemno och ganz éierlech Passagen, fir eegenen Aussoen no net als dat Béisst do ze stoen, schliisslech “hu mir all eis Feeler”.

Wien d’LP also nach net kennt a virwëtzeg ginn ass, sollt sech et net entgoe loossen, op eisen exklusive Presale-Link ze klicken. Mir verspillen elo schonn, nach ier déi offiziell Vente uleeft, Tickete fir de Concert am Atelier am Kader vun der “Love Lines World Tour” de 17. Mäerz 2024.

>> EXKLUSIVE PRESALE HEI <<*
Passwuert verrode mer iech dann och nach: “allmomentRTL”

*um 10 Auer gëtt de Link fräigeschalt

Back to Top
CIM LOGO