Am Kader vum 30. Anniversaire vum Prix Servais goufen d’Bicher, déi de Präis kruten, op eng ganz speziell Manéier duergestallt an a Zeen gesat. Wien u Bicher denkt, denkt net forcement direkt u Fotoen oder Téin. Ma genee datt ass et awer, wat een an der Expo zu Miersch gesäit an héiert. Jidder eenzelne vun den 30 Bicher huet souzesoen seng kleng eege Kabinn, an där Audio a Bild d’Atmosphär vum Buch solle vermëttelen.
D’Ludivine Jehin vum CNL erkläert:
Mir hunn eis dat esou ausgeduecht, datt mer Installatioune virgesinn hunn, an deem een en Abléck an d’Buch kritt, andeems een eng Propositioun vum Véronique Kolber huet, eng Foto a sech mat Kopfhörer uschléisse kann an eng Audiopropositioun kritt. A mer hoffen, datt tëscht dem visuellen an dem Audio eng Dier an de Roman, de Lyrikband oder Theaterstéck opgeet.
Wann een erakënnt, gesäit ee virop mol Pabeier.
D’Direktesch vum CNL Nathalie Jacoby:
Et soll een d’Impressioun hunn an eng Pabeierwelt eran ze kommen an da geet een hannert d’Pabeiers-Rideauen, wou ee ganz eleng mat der Erfarung mat deem Buch ass.
D’Zil ass natierlech, datt d’Bicher gelies ginn:
Mir hunn och Liesecker an der Entrée installéiert. An op de Luede vum Haus sinn d’Covere vun den 30 Bicher och gehaangen, déi de Prix Servais bis elo scho kritt hunn.
D’Expo am CNL zu Miersch ass nach bis Mäerz nächst Joer ze gesinn.
An d’Direktesch vum CNL Nathalie Jacoby ass um Samschdeg och Invité an eiser Kulturemissioun No Art On Air op der Tele. An d’Fotografin Véronique Kolber ass nächst Woch Invité am Kulturpodcast “Podpurri - Mir schwätzen Kultur”.