Die Toten Hosen, Tenacious D an EvanescenceFestival Rock am Ring annoncéiert éischte Line-Up

RTL Lëtzebuerg
Ufank Juni 2023 ass et nees esou wäit: Iwwer dräi Deeg gëtt um Nürburgring an Däitschland d'Musek zelebréiert. En éischte Line-Up ass elo eraus.
© Parookaville / Facebook

Trei Festivalsbesicher waarden all Joer nees op den Dag, op deem déi éischt Kënschtler fir déi nächst Editioun vum Rock am Ring annoncéiert ginn. En Donneschdeg war et dunn esou wäit: an de soziale Medien hunn d’Organisateure vum Kult-Festival e Video publizéiert, an deem se en éischten Abléck ginn.

Am Video annoncéiere sech d’Kënschtler selwer. Mat derbäi sinn deemno ënnert anerem Die Toten Hosen, Tenacious D, Evanescence, K.I.Z, Yungblud, Papa Roach, Machine Gun Kelly, Pantera an déi däitsch Rapperin Badmómzjay.

Back to Top
CIM LOGO