
De Film handelt iwwert d’Keeserin Sisi an huet um Film Festival zu London de Präis als beschte Film am offizielle Concours kritt. D’Jury huet de Film als “meeschterhaft ëmgesate Film” gelueft, dee wéinst der “fesselnder an origineller Interpretatioun iwwert d’Liewe vun der éisträichescher Keeserin Elisabeth” gewonnen huet. D’Duerstellung “vum Vicky Krieps vun enger Fra, déi an hirer eegener Ikonographie gefaangen ass a vun hirem rebellesche Besoin no Befreiung komplett virgefouert gëtt”.
Um Filmfestival zu Cannes krut d’Lëtzebuerger Schauspillerin an der Kategorie “Un certain regard” dofir de Präis fir déi bescht Interpretatioun, grad ewéi um Festival vu Sarajevo.
“Corsage” erzielt vun der Monarchin, déi mat hirer representativer Roll kämpft. D’Geschicht situéiert sech am Joer 1877, wou d’Sisi hire 40. Gebuertsdag feiert, fir deemools schonn eng al Fra.
“Corsage” vum Marie Kreutzer zu Cannes: “De Film huet näischt mat de romantesche Sissi-Filmer ze dinn”
FOTOGALERIE a VIDEOREPORTAGE: “Corsage” D’Vicky Krieps als Keeserin Sisi op der Avant-première zu Lëtzebuerg